De Virliesconcours 2026 ass lancéiert

Den Opruff fir d'21. Editioun vun dësem Concours fir Kanner vum Cycle 4 ass elo eraus.
De Virliesconcours 2026 ass lancéiert

Vun elo u leeft de Virliesconconcours 2026 an de Lëtzebuerger Grondschoulen.

No de Klassen- a Schoulfinall gëtt d'Gewënnerkand vum Schoulbibliothecaire beim SCRIPT ugemellt bis den 13.02.2026.

Da kommen d'Véierelsfinallen an d'Halleffinall, an denen d'Kanner jeeweils an 2 Sprooche musse liesen.

Héichpunkt ass d'national Finall den 02.07.2026 zu Esch am Ariston.

De SCRIPT wënscht alle Participante vill Gléck!