Journées du livre et du droit d'auteur 2026
D’Journées du livre et du droit d’auteur sinn tëscht dem 20. an dem 24. Abrëll 2026. Dës Editioun steet ënnert dem Motto Liesen a Liewen am Däischteren.
Liesen am Däischteren
Liesen am Däischteren huet eng speziell Atmosphär: ënnert der Decke mat Täscheluucht, am Grupp oder eleng, bei enger Liesnuecht, am Zelt oder ënnert de Stären. D’Däischtert mécht Geschichte méi intensiv a mysteriéis – et taucht ee komplett an an et vergësst een den Alldag.
Heiansdo muss een heemlech liesen, well Bicher verbuede ginn. Dat geschitt nach ëmmer, z.B. an den USA, wou (Kanner)bicher aus Bibliothéike verschwannen – aus ideologesche Grënn. Et lount sech ze kucken, wéi eng Bicher dat sinn a firwat.
Liewen am Däischteren
Nuets schlofe mir meeschtens, mee et ass vill Liewen: Leit, déi nuets schaffen, an Déieren, déi nuetsaktiv sinn. Am Däischteren erschéngt alles geheimnisvoll, besonnesch Plazen ouni Dagesliicht – ënnert der Äerd oder am Mier. Do hu Mënsch an Déier Welten entdeckt, Ressource genotzt an sech ugepasst. Déieren am Däischtere sinn oft friem a faszinéierend.
Eng Bicherlëscht grad wéi d'Modalitéite fir matzemaachen fënnt een ënnen op der Säit.
