Journées du livre et du droit d'auteur 2026

20.-24. ABRËLL 2026

Liesen a Liewen am Däischteren

Eng Propositioun vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend

D’Journées du livre et du droit d’auteur sinn tëscht dem 20. an dem 24. Abrëll 2026. Dës Editioun steet ënnert dem Motto Liesen a Liewen am Däischteren.

D’Evenement riicht sech un d’Schülerinnen a Schüler aus dem Enseignement fondamental. Matmaache kann een als Klass, Zyklus oder ganz Schoul.

Ëm wat geet et?

Liesen am Däischteren 

Liesen am Däischteren huet eng speziell Atmosphär: ënnert der Decke mat Täscheluucht, am Grupp oder eleng, bei enger Liesnuecht, am Zelt oder ënnert de Stären. D’Däischtert mécht Geschichte méi intensiv a mysteriéis – et taucht ee komplett an an et vergësst een den Alldag. 

Heiansdo muss een heemlech liesen, well Bicher verbuede ginn. Dat geschitt nach ëmmer, z.B. an den USA, wou (Kanner)bicher aus Bibliothéike verschwannen – aus ideologesche Grënn. Et lount sech ze kucken, wéi eng Bicher dat sinn a firwat. 

Liewen am Däischteren 

Nuets schlofe mir meeschtens, mee et ass vill Liewen: Leit, déi nuets schaffen, an Déieren, déi nuetsaktiv sinn. Am Däischteren erschéngt alles geheimnisvoll, besonnesch Plazen ouni Dagesliicht – ënnert der Äerd oder am Mier. Do hu Mënsch an Déier Welten entdeckt, Ressource genotzt an sech ugepasst. Déieren am Däischtere sinn oft friem a faszinéierend. 

Wéi eng Bicher kann een notzen?

Dir fannt am PDF-Dokument ënnen op der Säit eng Bicherlëscht mat Kannerbicher zum Theema Liesen am Däischteren, banned books, Liewen am Däischteren/an der Nuecht, ënnert der Äerd an déif am Mier.

Vill aner Bicher zum Theema sinn awer ganz sécher och an de Schoulbibliothéiken ze fannen.

Wéi kann ee matmaachen?

D'Modalitéite vun der Initiative, grad wéi Iddien wat ee ka maachen, fannen Enseignanten a Schoulbibliothecaire an engem separate PDF-Dokument ënnen op der Säit.