Virliesconcours 2026
Dëse Concours, dee sech un d’Schülerinnen an d’Schüler aus dem Cycle 4 riicht an dee vum Educatiounsministère/SCRIPT organiséiert gëtt, leeft am Joer 2026 fir d'21. Kéier.
Ëm wat geet et?
De Virliesconcours riicht sech u Schülerinnen a Schüler aus dem Cycle 4. Et geet drëm, datt d’Kanner en Extrait aus engem Kanner- oder Jugendbuch virliesen.
D’Kanner siche sech 2 Sproochen eraus, an deene si gär virliesen:
• eng éischt Sprooch (Däitsch, Franséisch oder Lëtzebuergesch), déi d’Kand als seng stäerkste Virliessprooch ugesäit;
• eng zweet Sprooch (Däitsch, Franséisch, Lëtzebuergesch oder Englesch), an där d’Kand och gär virliest.
D’Klassefinall an d’Schoulfinall lafen an der 1. Sprooch vum Kand, d’zweet Sprooch kënnt eréischt vun der Véierelsfinall un an d’Spill.
Englesch kann net als éischt Sprooch genannt ginn, well et net iwwerall an der Grondschoul eng Schoulsprooch ass.
Wéi leeft de Concours of?
D’Kanner kënne sech en Extrait eraussichen aus hirem Liblingsbuch oder aus soss engem Buch, dat hinne grad gutt gefält. Dës Texter ginn an enger Klassen- a Schoulfinall virgelies.
Vun der Véierelsfinall un ginn et Virliestexter an 2 Sproochen:
► Véierelsfinall
◦ Bekannten Text an der 2. Sprooch (Text vum Kand erausgesicht)
◦ Onbekannten Text an der 1. Sprooch (Text vum SCRIPT imposéiert)
► Halleffinall (Texter vum SCRIPT imposéiert)
◦ Reprise vum onbekannten Text an der 1. Sprooch
◦ Onbekannten Text an der 2. Sprooch
► Finall (Texter vum SCRIPT imposéiert)
◦ Neien onbekannten Text an der 2. Sprooch
◦ Neien onbekannten Text an der 1. Sprooch (lecture à vue)
◦ Liestheater an der 1. Sprooch (lecture à vue)
An der iwwerschaffter Broschür zum Virliesconcours 2026 ënnen op der Säit fënnt een den Detail vum Concours.
D’Finall mat Publikum ass den 2. Juli 2026 am Ariston zu Esch.
Umeldung vun der Schoulgewënnerin oder dem Schoulgewënner duerch den Enseignant respektiv de Schoulbibliothecaire bis spéitstens den 13. Februar 2026: http://www.edulink.lu/wedh

